Geschicht

Geschicht vum FC AS HOUSEN

1903-1940

Laut Gewährsmann Norbert Wolter sollen sech 1903 schon puer Jugendlicher (Josy Atten, Martin Lang, Phillipe Lick) getraff hun, fir een Fussballsveräin ze grennen.Zum éischten President gouf den Théodore Wolter gewiellt. An deenen Joeren duerno koumen nach eng etlich Spiller, dorenner den Martin Peters Dominique Tholl, Léonard Wolff dobei. Och 2 Schoulmeechteren, den Félix Glatz an sein Kolleg Thewes aus Holzthum hun deemols, déi nach schwarz-wäiss gestreiften Trikoen ugedoen, waat ewer net iwerall gäer gesin wor. An den FLF-Archiven gett et eng Uweisung vun engem Schoulinspektor aus dem Norden: "Es kann nicht als passend bezeichnet werden, wenn der Lehrer Fussballvereinen beitritt und an Sonntagen mit Bauernknaben und Knechten sich in weniger würdiger Weise dem Dorf zur Schau stellt.

De Veräin wor nach net bei da FLF ugemellt an sou goufen just, méi oder manner regelmässig, Kiirmes- an Frendschaftsmatcher gespillt. Déi Houser woren sou stark, datt sech an der Géigend keen méi getraut huet géint sie ze spillen. Dofir sin sie des öfteren iwert d'Grenzen an d'Belge oder Deitschland spillen gefuer. Well daat mam Velo ewer net ze machen wor an Busser Geld kascht hun, méi Geld wéi déi puer Frangen, déi Sondes odes un de Feierdeech an den Täschen vun verschiddenen Spiller woren gouf de Fussball emmer mol rem fir länger Zäit agestallt. Genee sou onbestänig wéi d'Matcher woren och Terrainen. Fir d'éischt gouf op enger Supp um "heitigen Camping" gespillt anschliessend goung et an den "Thiergart", iwert "Fenn", bis de Veräin schliesslich op "Beiricht" sesshaft gin ass. Éi gekickt gouf, hun fir d'éischt emmer missten d'Kouflappen wech gemeet gin an och d'Goaler, aus original "éislecker Louklöppelen", hun emmer rem missten nei ageschloen gin.

An den 30er Joeren ass de Veräin der "Fédération Sportive Ardennaise" beigetrueden, wéi daat och déi meest aner Veräiner aus dem Norden gemeet hun. En huet och 1934/35 déi éichte Kéier em Punkten gespillt. Éi et dun ewer sportlich richtig lass goung, huet de Krich deem "heroischen Zeitalter" een Enn gesaat. President wor deemols den Philippe Meyer.

1946 - 1962

Vun der Saison 1947/48 un, huet den FC AS Housen dann och regelmässig em Punkten gespillt an daat als richtigen Member vun der FLF. Vill Sachen hun geännert, ennert anerem sen seit deemols d'Veräinsfarwen wäiss-blo an een neien, wann och provisorichen Terrain, gouf et um "Lausebour", an dem Georges Schmitz sengen Wisen och nach. Ab 1950 wor dann deen éischten richtigen Terrain "op der Fenn" fäerdig. Op der Plaz wou haut den "Terrain 2" ass, gett nach emmer gespillt , och wann den Terrain well puer mol fresch gemeet gouf. 3 Joer méi spéit, gouf de Veräin ewer well rem opgeléisst.

1955 huet Nicky Wagner versicht den Veräin rem un d'Liewen ze kréien. Matt vill Idealismuss, goufen Beschfester, Theateropféierungen an och eng Revue organiséiert, déi nawel fir bessen Opreegung am Duerf gesuergt haat. Eent kronischt Lach an der Kees, keen Interessie an een Mangel un Nowues, hun ab 1962 ewer dofir gesuergt, datt et 6 Joer lang keen Fussballsveräin ze Housen gouf.

1967 bis haut

An der Zweschenzäit ass ewer eng nei sportbegeeschtert Generatioun nogewues, déi ennert dem Afloss vum Théo Hamelius, een neien an bis haut letzten Versuch ennerhellt, rem een Fussballsveräin ze Housen ze grennen.
Den 27. Dezember 1967 gouf am aalen an neien Sportslokal de Veräin, sou wéi en bis haut besteet, gegrennt.
De Grennungs-Comité huet sou ausgesin:

President: Roger Heiles, Vize-President: Jos Oberlinkels, Sekretäir: Pierre Weiler, Käissier: Théo Hamelius an Memberen: Jang Berkes, Léon Blom, Jos Flick, Léon Michels, Jean-Paul Peters (Bobbel), an Marcel (Petz) Schwinden.

Vum aalen Veräin woren nach puer Bäll an och 2 Sätz Trikoen iwreg, sou datt et direkt matt trainéieren an ab September 1968 och matt spillen lass konnt goen.

3 Spiller (Nic Linden, Paul an Roger Heiles) woren dann och nach vum aalen Veräin Bereet fir rem em Punkten matt ze spillen. Eisen éischten President, den Roger Heiles, huet bei senger Arnennung nach beim FC Kiischpelt Welwerwoltz gespillt, sou datt sein Häerz fir 2 Veräiner geschloen huet. Hien huet och 1968, deen éischten Trainer (Georges Weber) aus dem Kiischpelt matt op Housen bruecht, deen deenen 34 lizenzéierten Spiller d'Fussballspillen beibrengen sollt. Datt allerdengs selten een Meeschter vum Himmel fällt, sollten och eis Farwen schnell rausfannen. Deen éischten Match verléieren sie ausgerechent géint den "Ierzfeind" Hepperdang matt 0-2 an et sollt och bis dee letzten Spilldach vun der Virron daueren, eí deen éischten Match matt 3-1 géint Foulscht gewonnen konnt gin. Déi hechst Nidderlach gett et matt 1-8 géint Bungerref, sou datt et am Enn vun der Saison nemmen fir déi zweetletzt (9.) Plaz duer gung: 12-22 Punkten (5x gewonn, 2x gleich an 11x verluer) an een Goalverhältniss vun 32-58 ass de Bilan vun der éischter Saison. Eis Junioren hun et net vill besser gemeet an hun déi 6. vun 8 Plazen beluecht, daat matt 8 Punkten (4x gewonn an 10x verluer).

D'70er Joeren stin bis haut als déi erfolligréischt an der Geschicht vum Veräin. Nodeems an der Saison 1971/72 an 1972/73 matt enger 2ter an 3ter Plaz den Opstieg an 3. Divisioun nach knapps verpasst gouf, wor et an der Saison 1973/74 endlich souweit. Matt enger beandrockender Bilanz vun 35-1 Punkten (17x gewonn an 1x gleich) an engem Goalverhältniss vun 77-15 gin eis Farwen net nemmen souveräin Champion an hierer Divisioun mee sie steigen och déi éischte Kéier an hierer nach jonker Geschicht an déi 3. Divisioun op. Do wellen sie sech ewer net lang ophaalen an schon an der Saison 1974/75 gin sie fir d'nechst Champion an hierer Divisioun an steigen als Opsteiger! direkt duerch an déi 2. Divisioun. Daat ganzt rem matt 35 Punkten (17x gewonn, 1x gleich an 4x verluer) an engem Goalverhältnis vun 87-17. Well d'Sprechwuert ewer "allen gute Dinge sind 3" heescht, brengen sie daat Konschtwierk fäerdig fir an der Saison 1975/76 nach eng drop zeléen an nach engkéier geet et als Obsteiger! eng Divisioun méi héisch. Housen beleet no der Saison déi 3. Plaz (30-14 Punkten, Goalverhältnis 52-25) an spillt an der Saison 1976/77 déi eíschte Kéier an der 1. Divisioun. Nom Opstieg an d'1. Divisioun gouf et deen nechsten Probleem ze léisen. Eisen Terrain "op der Fenn" wor ze kleng an d'FLF huet dem Veräin just eng Ausnahme Geneemigung fir 1 Saison erdeelt, ennert da Konditioun datt och am Fall vum direkten Ofstieg een neien (méi groussen Terrain) op Housen kéim. Leider goung et no 3 Opstieg hannert eneen net duer fir an der Saison 1976/77 dran ze bleiwen, woumat déi Saison dann an och an d'Geschicht vum Veräin an geet, leider an desem Fall an déi negativ Geschicht. Nodeem éischten Ofstieg vum FC AS Housen goufen d'Käpp ewer net lang an de Sand gestach, well 1977/78 sen eis Farwen direkt rem matt 7 Punkten Virsprong op Wäiswampech an d'1.Divisioun gestiegen. Ze der Saison bleiwt ze ernimmen, datt deen Opstieg am "Exil" erspillt gouf. Well deen neien Terrain "op der Héi" nach net färdig wor, hun eis Farwen eng Saison op Wegdichen missten spillen goen, waat sie an och vill Supporter ewer net gestéiert huet. D'Bilanz vun 36-8 Punkten, engem Goalverhälniss vun 78-23, bei nemmen 2 verluerenen Matcher seet jo wuel genuch. Leider goung et och deskéier net duer fir an der Divisioun dran ze bleiwen an matt nemmen 17 Punkten (6x gewonn, 5x gleich an 11x verluer) goung et no der Saison 1978/79 rem direkt an déi 2. Divisioun. Op daat wuel un deem neien "groussen" Terrain luch, wou déi éischte Kéier drop gespillt gouf???

Ze Ernimmen bleiwt och nach datt de Veräin vun der Saison 1975/76 un, déi éischte Kéier eng Scolaires Equipe am Championat ugemellt huet an sou am Enn vum Joerzengt aus 4 Equipen besteet (Senoirs 1 & 2, Junioren an Scolaires). 1979 huet de Roger Heiles d'Presidenten Amt no 13 Joer un der Spetzt vum Veräin un den Dr. Paul Koch iwergin.

Iwert d'80er Joeren gett et net souvil ze berichten. 9 Joer huet den FC AS Housen an der 2. Divisioun an 1 Joer 3. Divisioun verbruecht. Doniewt huet d'éicht Equipe et 2x bis an déi 3. Ronn an souguer engkéier bis an déi 4. Ronn vun der Coupe de Letzebuerg gepackt. 1982 ass déi éichte Kéier eng Damenéquipe an den wäiss-bloen Trikoen ugetrueden. Och wann sie deemols nemmen 1 Frendschaftsmatch (1-1 géint Welwerwoltz) an 1 Bletzturnéier (waat sie géint Weller/Petscht an Colmar-Bierg gewannen) gespillt hun. Deemlos huet secher keen geduecht, datt sie goud 10 Joer méi spéit em Punkten kämpfen géifen. Waat bleiwt nach vun den 80er Joeren ze berichten. 1981 huet den Dr. Georges Wohlfahrt d'Presidentenamt vun sengem Koleeg dem Dr Paul Koch iwerholl , daat selwecht Joer wor d'Aweiungsfeier vun eisen neien Vestiären an 1982 gouf op Kirmessondech déi éicht Baurekiirmes vum Veräin an sengem Supporterclub organiséiert. 1988 huet de Veräin dann och nach seng 20 Joer gefeiert an domat ass eent, aus fussballerischen Aan gesin, rouigt Joerzengt op een Enn gang.

D'90er Joeren hun genau sou rouig ugefong, wéi daat letzt Joerzengt opgehaal huet, neemlich matt zwou 5. Plazen an der 2. Divisioun. 1992/93 haat Housen dun ewer rem eng Equipe zesummen déi et an d'1. Divisioun gepackt huet. Als éichten schléissen sie d'Saison of an daat matt 34 Punkten an engem Goalverhältnis vun 72-23. Housen huet also rem 1. Divisioun gespillt an deskéier hun sie et besser gemeet wéi an den 70er. Sie hun et net nemmen färdig bruecht hir Klass ze haalen, mee sie hun souguer ganzer 6 Joer hannert eneen do gespillt, bis et sie an der Saison 1998/1999 rem erwecht huet an sie rem dee saueren Wee an 2. Divisioun hun missten untrieden. An der Coupe de Letzebuerg bleiwen ganz secher d'Mätcher vun 1993/94 an der 4. Ronn géint d'Jeunesse vun Esch (0-4), 1994/95 an der 4. Ronn géint CS Péiteng (2-3), 1995/96 an der 2. Ronn géint Woltz (0-4) an 1996/97 an der 1. Ronn gént d'Aris vun Bouneweg (1-6), lauter Veräiner aus der Nationaldivisioun, an Arennerung.

Daat neit Joertausend ass also och an der 2. Divisioun ugang, mee geprächt soll dest Joerzengt vun engem stänigen Auf und Ab gin. 2001/02 wor et déi éichte Kéier sou weit. Housen ass hannert Ierpeldeng matt 55 Punkten an eng Goalverhältnis vun 71-35 an d'1. Divisioun steigen. Do hun sie sech ewer nemmen 1 Saison gehaal an sen um Enn denkbar knapps (1 Punkt huet gefeelt) no der Saison rem an d'2. Divisioun gefall. Mee och do hun sie sech rem nemmen 1. Joer opgehaal an um Enn vun der Saison 2003/04 stung rem den Opstieg an d'1. Divisioun. Deskéier hannert der Fiels an daat matt 63 Punkten an engem goalverhältnis vun 61-29. 4 Saison'en huet de Veräin dun an der 1. Divisioun gespillt éi et 2007/08 rem an déi 2. Divisioun gung. Well daat Feieren ewer sou schéin ass, huet d'1. Equipe gemengt, sie missten d'Joerzengt matt engem 3 Opstieg ofschléissen. 2009/10 gung et rem an d'1. Divisioun an deskéier souguer als souveränen Champion virun Veianen an daat ganzt matt 61 Punkten an engem Goalverhältnis vun 69-27. An der Coupe goufen et och puer interessant Matcher. 1999/2000 huet Housen am 2. Tour géint Gréiwenmacher 0-5 an 2000/2001 géint Woltz och am 2. Tour 0-4 verluer. 2001/2002 goung et souguer bis an d'1/16 Final, wou den Avenir vun Beggen ewer eng Nummer ze grouss wor an Housen matt 1-4 verléiert. 2002/2003 ass et bis haut déi letzten kéier ennert déi letzt 32 gang an och do gouf 1-4 géint Téiteng verluer.

Leider huet 2010 direkt matt engem Ofstieg ugefong an een neierlech Opstieg ass bis 2014 nach net gelongen. Den FC AS Housen mecht ewer alles fir datt geschwenn och rem d'1. Equipe eppes ze feieren huet. Bis well wor daat an desem Joerzengt nach nemmen selichen jugendéquipen an eiser 2. Equipe virbehaal. Ze Ernimmen gett et och nach, datt aus dem FC AS Housen am Joer 2010 eng A.S.B.L. gin ass.